Indikativ Präsens vun de lëtzebuergesche Verben. |
D'Luxverbes1 Desktop-Applikatioun eroflueden (Windows 64bit) | De Luxverbes1 Quellcode eroflueden (Lazarus/Free Pascal) |
Beschreiwung: Dës Applikatioun generéiert Exercicen iwwert den Indikativ Präsens vun de lëtzebuergesche Verben. D'Verbe fir d'Exercice
ginn aus enger Lëscht vu 400 Wierder geholl, dorënner onregelméisseg Verben, Verbe mat Metaphonèse a Verben, déi eng speziell Konjugatioun wéinst de Regele vun
der lëtzebuergescher Rechtschreiwung hunn. Verschidde Verbe si Pronominalverben, anerer hunn e separablen oder net separable Präfix. D'Evaluatioun ass wéi an
an de Schoulen zu Lëtzebuerg üblech, also mat Punkte mat engem Maximum vu 60 (de Maximum kann am Menü Astellungen op 100 geännert
ginn, wat dann engem Pourcentage entsprécht).
De Programm kann och benotzt gi fir d'Konjugatioun vum Indikativ Präsens vu lëtzebuergesche Verben unzeweisen. Wann dat fir déi 400 Verben, déi de Programm kennt
(déi an der Lëscht) ok ass, gëtt et keng Garantie dass d'Konjugatioun vun deen anere Verbe richteg ass. Werft w.e.g. e Bléck an den Hëllefs-Text vun der Applikatioun
fir Detailer.
Verbesserungen/Erweiderungen: Méi Méiglechkeete gi, wat fir ee Genre vun Exercice gemaach soll ginn. D'Konjugatioun verbessere mat enger
méi grousser Lëscht vu bekannte Verben, d'Erkenne vu Präfix a Basisverb verbesseren, d'Präfix-Kombinatioune consideréieren. Faarwegen Text fir d'Onregelméissegkeeten
a speziell Konjugatiounen ervirzehiewen.
Free Pascal Eegenschaften: Benotze vun enger InputBox fir Utilisateurs-Donéeë anzeginn. Liese vun INI Fichieren. Fëlle vu Stringgrids.
Liese vun Text-Fichieren (klassesche Pascal).
Bildschiermfotoen:
Wann Iech dëse Programm gefällt, w.e.g ënnerstëtzt mech a mäi Website andeems Dir mäi Gaaschtbuch ënnerschreift.