Lëtzebuerger Kantonen a Gemenge Quiz. |
D'Luxembourg1 Desktop-Applikatioun eroflueden (Windows 64bit) | De Luxembourg1 Quellcode eroflueden (Lazarus/Free Pascal) |
Beschreiwung: Dëse Quiz ass iwwer d'lëtzebuerger Kantonen a Gemengen. Den Utilisateur kann tëschent 4 Quiztypen (Gruppe vu
Froe) wielen: Rode vum Kanton, der Zuel vun den Awunner oder dem Walbezierk vun enger Gemeng a, fir de 4. Quiz, rode vum Wope vun engem Kanton. Fir
déi éischt dräi Quizze ginn d'Äntwerten aus enger Lëscht (Combobox) ausgewielt. Beim Wope-Quiz, gëtt de Wopen als Bild selektionéiert.
Change log:
Versioun 1.0 (Oktober 2019): Originale Programm
Versioun 2.0 (November 2020):
- Benotzer-Choix vun der Unzuel vun de Froen
- 4. Quiztyp: Rode vun de Kantonswopen
Free Pascal Eegenschaften: Weise/Verstoppe vu selektive Comboboxen. Zoufallsbiller aus Fichiere lueden. Mausklick-Eventer
op Biller. D'Gréisst vu Biller wärend der Programmausféierung änneren. Textfichiere liese (klassesche Pascal)
Bildschiermfoto:
Wann Iech dëse Programm gefällt, w.e.g ënnerstëtzt mech a mäi Website andeems Dir mäi Gaaschtbuch ënnerschreift.